Cocktail FURRI

E Cocktail fir d’Nordstad-Regioun🍹

Mat der Iddi, e Cocktail aus der Nordstad an d’Gastronomiebetriber an an d’Ëmgéigend ze kréien, gouf zesumme mat der Association Luxembourgeoise des Barmen, Opyos souwéi mat de regionale Produzenten aus der Nordstad dräi Cocktaile entwéckelt: A, B an C. Déi dräi konnt een dëst Joer op der Foire Agricole zu Ettelbréck um Stand vun der Nordstad probéieren a fir säi Favorit ofstëmmen.

Dobäi huet de Cocktail C gewonnen: Rout Kréischelsirup vun der Eppelpress a Kombinatioun mat Sloe Gin a Beesy Gin vun Opyos, Iced Tea vun Ortea a bësse frësch gepresste Saier aus Bio-Zitrounen huet am meeschten iwwerzeegt. Dat genaut Rezept vum Gewënner, wéi och vun deenen aneren zwee, kanns du ënnen op der Säit roflueden an doheem mixen.

Wou kann een de FURRI genéissen?

Hei fënns du gläich d'Restauranten, d'Caféen an d'Campingen, op denen een de Nordstad-Cocktail FURRI genéisse kann! 

Cocktail FURRI - Wirtschaft & Handel